Suche einschränken:
Zur Kasse

De Wëlle leeft am Bësch

Orban, Diane / Karels, Myriam

De Wëlle leeft am Bësch

Wann ee probéiert, d'Welt mat aneren Aen ze gesinn, mierkt een, dass vill méi an de Saache stieche kann, wéi een op den éischte Bléck mengt. Dëst stellen och de Charel a säin näischnotzege klenge Brudder Jim an enger spannender Rees duerch d'Haus fest. Mat enger gesonder Portioun Fantasie verwandele se Decken an Hielen, Wäschkierf a Schëffer a klotere gewëtzt iwwer all Steen, deen hinnen an de Wee geluecht gëtt."Déi Wëll lafen am Bësch! Dee Saz hues du dach bestëmmt schonn déi eng oder aner Kéier héieren, oder net? Dësem an nach ville weidere lëtzebuergesche Spréchwierder a Riedewendunge begéins du an eiser Geschicht. Well déi souwuel am wuertwiertleche wéi och am iwwerdroene Sënn agesat sinn, wäerts du kee Problem hunn, fir se ze verstoen, ob s du elo 4 oder 101 Joer al bass. A wann awer nach eng Fro bleift, fënns du d'Erklärunge vun typesch lëtzebuergeschen Ausdréck um Enn vum Buch.Komm elo mat eis op bekannte Plazen am Ländchen, stëmm dat eent oder anert Vollekslidd un an zéck net, déi sëllege Spréchwierder nozebabbelen."Jim & Charel

CHF 24.90

Lieferbar

ISBN 9789995936853
Sprache ltz
Cover Fester Einband
Verlag Editions Schortgen
Jahr 20191001

Kundenbewertungen

Dieser Artikel hat noch keine Bewertungen.