Suche einschränken:
Zur Kasse

D'Pippi gëtt Inselprinzessin

Ganzer fënnef Sekonnen ass et ganz roueg an der Kiche vun der Villa Kuddelmuddel. Dono doen der zwee ganz haart Kreesch. Et sinn den Tommy an d'Annika, déi vu Freed jäizen. Den Här Nilsson, deen um Dësch sëtzt a probéiert sech Botter op den Hutt ze schmieren, kuckt ganz paff op. Nach méi paff ass en, wéi e gesäit, dass d'Pippi, den Tommy an d'Annika Hand an Hand ronderëmdanzen. Si danzen a jäize sou benzeg, dass d'Plafongsluucht op de Buedem fält.D'Pippi ass op der ganzer Welt bekannt ? ob als Pippi Långstrump, als Pippi Langstrumpf, Pippi Longstocking, Fifi Brindacier, Bibi Meia-Longa oder Pippi Calzelunghe. Elo läit den drëtte Band vun der berühmter Kannerbuch-Trilogie vum Astrid Lindgren fir d'éischte Kéier op Lëtzebuergesch vir.Fir den Tommy an d'Annika geet en Dram an Erfëllung: Si däerfe mam Pippi op d'Kurrekurreduttinsel seegelen, wou hatt Prinzessin soll ginn. Mee an der Südséi lauere Geforen, déi hinnen an dësem Moment nach net bewosst sinn ...

CHF 27.90

Lieferbar

ISBN 9789995920425
Sprache ltz
Cover Fester Einband
Verlag Editions Schortgen
Jahr 20190701

Kundenbewertungen

Dieser Artikel hat noch keine Bewertungen.